Haut ass d’Uropféierung vun enger neier Kompositioun vun der Lëtzebuerger Komponistin Catherine Kontz. Am Kader vum KLANGZEIT Festival Münster huet d’Gesellschaft für Neue Musik d’Wierk an Optrag gestallt, an dat gëtt haut den Owend am Theater am Pumpenhaus opgefouert.
D’Stéck heescht "Taschenstück" an ass speziell fir d’Sopranistin Irene Kurka komponéiert ginn. Mee wat verstoppt sech hanner dësem Titel? D’Stéck ass fir Solostëmm an dauert ëm déi 10 Minutten. Wärend der Opféierung muss d’Sängerin een oder e puer Kleedungsstécker un hunn, an déi mussen insgesamt genee 7 Täschen hunn. Eng dovunner muss eng Bannentäsch sinn.
D’Täsche funktionéieren als “portable Selbstportrait” a stellen Aspekter vun der weiblecher Selbstbestëmmung vun de Fraen duer. An der éischter Täsch fënnt een zum Beispill Mënz, déi gi wärend der Performance als Perkussioun benotzt. D’Mënze sollen dobäi déi wirtschaftlech Onofhängegkeet vun de Fraen duerstellen.
An enger anerer Täsch fënnt een e mini Megaphon an e feministesche Manifest: Domat gëtt d’Stëmm an den Ausdrock vun de Frae representéiert. An da gëtt et eng Täsch mat engem geheimnisvollen Objet. Dee soll d’Privatsphär an d’Intimitéit vun de Fraen duerstellen.
D’Catherine Kontz hannerfreet mat hirer Kompositioun "Taschenstück" bewosst d’Geschicht vun der Moud a virun allem vun de Fraekleeder, bei deene ganz laang d’Ausgesi méi wichteg war wéi hir Funktionalitéit.