De Pit Brosius kritt dëst Joer de Prix Arts et Lettres vum Groussherzoglechen Institut iwwerreecht. Een Award, dee jonk Talenter aus der Kulturzeen zu Lëtzebuerg auszeechent. D’Beräicher vun der Kultur sinn dobäi breetgefächert, vun Danz, Film, Molerei, Theater hin zu Literatur, Architektur wéi och Musek.
De Pit Brosius ass net just am Land duerch säin Engagement an der Klassikzeen bekannt als kënschtlereschen a musikalesche Leeder vum Orchestre National des Jeunes du Luxembourg, kuerz dem ONJ. Och aner Ensembelen aus dem Land schaffe fir Projete mat him zesummen. Wéi och bei eis, wou de Pit Brosius fir den Opus ee Podcast mam Numm “Hanner den Téin” iwwer Nei Musek an d’Perceptioun dovun, realiséiert huet.
Hie bréngt iwwerdeems Erfarung als Dirigent aus Maastricht an Amsterdam mat, schafft selwer als Enseignant fir Fagott an Orchesterleedung an huet bei Projete mat bekannte Solistinnen a Solisten, Orchesteren an Dirigente bei ënner anerem och Opereproduktiounen am Ausland matgewierkt.
De Pit Brosius kritt de Konscht a Literaturpräis “Art et Lettres“ offiziell de 27. November dëst Joer am Mierscher Theater iwwerreecht mat der musikalescher Ënnerstëtzung vun United Instruments of Lucilin a Museker:innen aus den eegene Reie vum ONJ.