Panorama
12 min
1. De Chef vun der libaneesescher Miliz Hisbollah huet sech haut fir eng éischte Kéier zanter dem Ufank vum Gaza-Krich per Video un d‘Ëffentlechkeet geriicht. Den Nasrallah huet d‘Terrorattack vun der Hamas gelueft
2. Den amerikaneschen Ausseminister Blinken an den israeelesche Premier hunn iwwer eng humanitär Wafferou diskutéiert. Den Netanjahu refuséiert dës Méiglechkeet, esou laang déi israeelesch Geiselen net vun der Hamas fräigelooss ginn
3. Nom Passage vum Orkan Ciarán iwwer West-a Mëttel-Europa koumen op d'mannst zwielef Mënschen ëm d‘Liewen. Eleng an der italieenescher Regioun Toskana sinn den Autoritéiten no op d'mannst fënnef Mënsche gestuerwen
4. Eng Rei Modifikatioune vum Code de la route sinn zanter der leschter Woch a Kraaft. Ee Changement betrëfft de Gebrauch vum mobillen Telefon hanner dem Steier5. D’Police mécht en Zeienopruff. De Moie géint halwer 10 hätt eng Persoun net wäit vun engem Supermarché an der Rue des Remparts zu Iechternach hire Portemonnaie geklaut kritt. All Informatioun ass fir de Policebüro vun Iechternach
Presentéiert vum
- Maxi Pesch
Episoden
Panorama
"Grand Débat National" zu Lëtzebuerg / Belsch wëllt Laurent Gbagbo ophuelen / Cyclo-Cross-WM: Christine Majerus gëtt 13.
Panorama
Och Russland zitt sech aus dem INF-Vertrag zréck / "Débat national" zu Lëtzebuerg / Lindsay Vonn hält mat hirer Ski-Carrière op
Panorama
Staatsbudget 2018 ouni Defizit / Nicolas Buck neien UEL-President / Marc Spautz net op der CSV-Europalëscht
Panorama
Staatsbudget 2018 ouni Defizit / Nicolas Buck neien UEL-President / Marc Spautz net op der CSV-Europalëscht
Panorama
USA aus INF-Accord raus/Staatsbudget 2018 kéint ouni Defizit ofgeschloss ginn/Kee contaminéiert Fleesch aus Polen zu Lëtz/Spautz net Kandidat fir EU-Wahlen
Panorama
USA aus INF-Accord raus/Staatsbudget 2018 kéint ouni Defizit ofgeschloss ginn/Kee contaminéiert Fleesch aus Polen zu Lëtz/Spautz net Kandidat fir EU-Wahlen
Panorama
N. Buck ass néie President vun der UEL / L.Polfer rechent mat méi Passagéier duerch gratis Transport / EU a Japan ënnerschreiwe Fräihandelsaccord
