Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Robert Schumann - Kreisleriana, Op. 16, VIII. Schnell und spielend - Klara Min (Piano)

play_arrow Live
opus

/ 2023 war e Rekordjoer fir den Tourismus hei am Land

Tourismus

2023 war e Rekordjoer fir den Tourismus hei am Land

D'Iwwernuechtungen am Grand-Duché wieren ëm 10 Prozent par rapport zu viru Covid geklommen. Dee Biland zitt den Tourismusminister Lex Delles um Méindegmoie virun der Press.

auto_stories

2 min

Foto: MECO

Wäit iwwert d‘Hallschent vun den Reesen am Grand-Duché falen ënnert de Fräizäitourismus. Opfälleg wier, datt ëmmer méi Lëtzebuerger Residente Vakanz am eege Land maachen, sou de Minister Lex Delles. En Trend deen zanter 2015 konstant an d Luucht géif goen. An den Iwwernuechtunge sinn d’Lëtzebuerger:innen, niewt den Hollänner:innen an den Däitsche mëttlerweil déi drëtt heefegst Gäscht.

9 Milliounen Euro fir 115 Projeten

Fir datt Lëtzebuerg och weiderhin eng beléift Destinatioun bleift misst een och an d’Branche investéieren. Dofir wier zejoert de 5 Joresplang fir d’ Ënnerstëtzung vun der nationaler touristescher Infrastruktur an d’Liewe geruff ginn. Zanterhier wieren Aiden am wäert vun 9 Milliounen un ronn 115 Projeten ausbezuelt ginn sou den Tourismus Minister. Dorënner d‘Marie Astrid, d‘Moderniséierung vum Beetebuerger Park oder nach d‘Balissage fir d‘Guttland Trails.

De Parc Merveilleux zu Beetebuerg bleift op éischter Plaz vun den am meeschte besichte Plazen hei am Land. D’Veianer Schlass kënnt op déi zweet Plaz an de Mëllerdall Trail op déi drëtt.

Am Joer 2023 war de Camping mat enger Hausse vun iwwert 30 Prozent de klore Gewënner zanter der Pandemie. Wéinst dem schlechte Wieder an der éischter Hallschent vun dësem Joer waren des Saison awer däitlech manner Leit op den Campinger wei zejoert. Allgemeng gesäit d‘Tendenz fir 2024 awer positiv aus.

Plus bei den Hotellen an de Jugendherbergen

An den Hotellen hätt ee par rapport zur éischter Hallschent vum Rekordjoer 2023, weider ee Plus vu 5 Prozent gehat. Bei de Jugendherbergen ee plus vun 2 Prozent, betount de Lex Delles.

Zu Ettelbréck an zu Veianen sollen zwou weider Jugendherberge opgoen. Alles an allem géifen et der dann 11 hei am Land ginn.