Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ Accèes op den Depistage fir den Daarmkriibs gëtt vereinfacht

Gesondheet

Accèes op den Depistage fir den Daarmkriibs gëtt vereinfacht

Et ginn Ännerunge beim Programm vun der Fréierkennung vun Daarmkriibs. Wéi d'Santé an engem Schreiwes matdeelt, wéilt een den Accès fir sech op Daarmkriibs testen ze loosse vereinfachen a méi Leit encouragéiere matzemaachen.

auto_stories

1 min

De Referenzlaboratoire fir den Depistage ass elo net méi Laboratoires Réunis, mee Bionext. Weider kënne Leit, déi eng Invitatioun kruten, sech an Zukunft hir Depistage-Kitte mam sougenannten FIT-Test an d'Apdikten oder Bionext-Laboratoire siche goen.

Persounen, déi scho beim Programm matgemaach hunn, kréien hire Kit an Zukunft automatesch heemgeschéckt. De Programm adresséiert sech u Residenten an Netresidenten zu Lëtzebuerg am Alter tëschent 45 a 74 Joer, déi bei der CNS affiliéiert sinn.