Radioen

On air

Notturno  |  Joseph Horovitz - Music hall suite, IV. Soft shoe shuffle - Luxembourg Brass Ensemble

play_arrow Live
opus

/ Eventuelle Master an der Medezin: Fir d'éischt gëtt de Bachelor evaluéiert

Héichschoul

Eventuelle Master an der Medezin: Fir d'éischt gëtt de Bachelor evaluéiert

Elo am Hierscht fänkt d’Evaluatioun vum Bachelor an der Medezin un. Dat deelt déi zoustänneg Ministerin Stéphanie Obertin mat. Fir de Master mussen d'Medezinstudentinnen a -Studenten an d‘Ausland goen - nach.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Rezent haten déi Jonk Demokraten an engem Schreiwes ee Master an der Medezin an eng Universitéitsklinik fir Lëtzebuerg gefuerdert. Dat virun allem fir géint de Manktem un Dokteren an Dokteschen am Grand-Duché virzegoen.

D‘Evaluatioun ofwaarden

D’Fuerderung ass net nei an och déi zoustänneg Ministesch Stéphanie Obertin ass der Meenung, datt een duerch eng komplett Grondausbildung an der Medezin kéint der Penurie am Gesondheetssecteur entgéint wierken. Fir d’éischt misst een awer d’Evaluatioun vum Bachelor ofwaarden. Den Ament wieren zwou Promoe fäerdeg ginn.

„Mir hunn och déi Promo déi 2023 fäerdeg ginn ass, déi ass am Ausland elo gewiescht. An do muss een natierlech elo kucken, wéi hunn déi sech bewäert.“

„D‘Spideeler mat an d‘Boot kréien“

D‘Evaluatioun gëtt vun engem externen akkreditéierte Büro gemaach, an op Basis vu Gespréicher mat den Acteuren aus dem Gesondheetssecteur. Herno gëtt dann zesumme mat der Uni Lëtzebuerg gekuckt ob ee Master an der Medezin fir Lëtzebuerg a Fro kënnt oder net.

Do misst da gekuckt ginn, ob genuch Personal do ass, ob de Budget duergeet an och d‘Infrastruktur an d‘Spideeler géifen eng wichteg Roll spillen, betount d‘Stéphanie Obertin.

„De Master ass eng Ausbildung déi och scho ganz vill an de Spideeler geschitt. Dat heescht, mir mussen och do kucken, datt mer d’Spideeler mat an d’Boot kréie fir datt mer déi Ausbildung do kënne maachen.“

Op Basis vun där Analys hëlt d’Regierung zesumme mat der Uni Lëtzebuerg a mat den Acteuren aus dem Gesondheetssecteur eng Decisioun. Wéi et an enger schrëftlecher Äntwert vun der Uni Lëtzebuerg heescht, misst déi Evaluatioun am zweete Semester 2025 ofgeschloss sinn.

Fuerderung fir eng Unisklinik: Mat de Féiss um Buedem bleiwen“

Op d’Fuerderung vun de Jonken Demokrate fir eng Universitéitsklinik fir Lëtzebuerg, äntwert déi zoustänneg Ministesch, datt ee misst „mat de Féiss um Buedem bleiwen.“

„Mir hu véier grouss Spideeler hei zu Lëtzebuerg an entretemps mengen ech och datt déi véier Spideeler relativ gutt matenee kommunizéieren an ech mengen et wier wichteg do vläicht éischter z’iwwerleeën ob et Sënn géif maachen déi véier Spideeler méi an e Boot ze huelen.“

Déi zoustänneg DP-Ministesch Stéphanie Obertin, huet selwer Medezin a Frankräich studéiert a virun hirem Minischteschposten am Grand-Duché als Doktesch geschafft huet.

Sollt et an Zukunft ee Master an der Medezin zu Lëtzebuerg ginn, esou fënnt d‘Stéphanie Obertin et och weider wichteg, datt d’Medezinsstudenten a Studentinnen op d'mannst een Auslands-Semester maache fir ze gesinn, wéi Spideeler a grouss Universitéitsklinicken am Ausland funktionéieren.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Edukatioun
Gesondheet