Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ Ëmmer méi Medezinner:inne benotzen de PID, d'AMMD gesäit nach eng Rei Schwieregkeeten

Vun 111 op 392

Ëmmer méi Medezinner:inne benotzen de PID, d'AMMD gesäit nach eng Rei Schwieregkeeten

D’Zuel vun den Medezinner:innen, déi hei am Land de System vum Paiement immédiat direct (kuerz PID) notzen, klëmmt. Op de 16. August hunn 392 Dokteren an Dokteschen de System benotzt. Dovu 95 Zänndokteren an Dokteschen. Am Mee waren et der just 111.

auto_stories

2 min

Ëmmer méi Doktere benotzen de PID-System | © Bigstock / Flynt
Foto: Bigstock / Flynt

Iwwert de PID musse Patient a Patientinne, just nach déi eege Participatioun bezuelen. Änlech existéiert de PID jo an den Apdikten. D’Patientevertriedung hofft, datt déi Zuel séier eropgeet. D’Dokter- an Zänndokterassociatioun AMMD ass awer nach net ganz zefridde mat der praktescher Ëmsetzung.

D’AMMD ass der Meenung, datt beim Paiement immédiat direct eng Demarche feelt: Nämlech déi, datt dem Patient/der Patientin säin Accord dokumentéiert gëtt. D’AMMD hat proposéiert dat iwwert eng Applikatioun duerchzeféieren, wat aktuell net de Fall ass. Zwar muss ee beim PID am Cabinet vum Dokter present sinn an et kritt een och dono vun der CNS geschriwwen, wéi eng Akte vun der CNS un den Dokter oder d'Doktesch direkt rembourséiert ginn, mee fir den AMMD-President Alain Schmit ass et eng Fro vu Participatioun.

Et kéint een zum Beispill iwwer eng "participation statutaire" fueren, déi een iwwer eng App bezuele kéint a mat een dann explizit säin Accord géif ginn.

"Digital kann een dat och esou steieren, datt d’CNS u sech déi Informatioun kritt, datt den Accord vum Patient do ass. D’participation statutaire ass bezuelt, ergo muss d’CNS elo hiren Deel dem Dokter bäisteieren."

Och bei den Zänndoktere an Doktesche géifen et nach vill Problemer ginn. Vill vun hinne géife jo mat Devise schaffen, déi awer net ëmmer richteg géifen ukommen. "Dat mécht den Zänndokteren zimlech Misère", sou den Alain Schmit.

Ënnerschiddlech Situatiounen an de Spideeler

Speziell ass d’Situatioun och bei de Medezinner:innen déi an de Spideeler schaffen. Déi eng facturéieren een Akt méi spéit, an do kann de PID net genotzt ginn, anerer maachen dat direkt, ënnersträicht den Georges Clees vun der Patientevertriedung. Am CHL wieren d'Dokteren an Dokteschen zum Beispill meeschtens Employé vum Spidol, wärend si zum Beispill am HRS oder am Escher, oder Ettelbrécker Spidol fräischaffend sinn an do e Cabinet lounen. 

"Do ass een net Patient vum Spidol, mee vum jeeweilegen Dokter. Do hänkt et dann natierlech dovunner of, dann hunn déi eng eventuell een aneren System ewéi den Dokter niewendrun."

D’Patientevertriedung ass zefridden, datt d’Kierchbierger Spidol bei den Urgencen elo de PID notzt.

Weider wéilt een am Allgemengen awer, datt méi Dokteren an Dokteschen de Paiement immédiat direkt proposéieren, dat kéim virun allem deenen ze gutt, déi dacks Visitte maache musse.

Lauschterenplay_arrow