Belsch

Belsche Kinnek bleift dobäi: Demissioun vum Bart de Wever gouf net akzeptéiert

E Méindeg hat de belsche Premierminister Bart de Wever säi Récktrëtt annoncéiert, well et him net méiglech war zesumme mat senge Koalitiounspartner ee Budget op d'Been ze stellen. De Belsche Kinnek huet déi Demissioun net ugeholl an de Premier opgefuerdert, elo de Budget ofzeschléissen.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

© EPA/BENOIT DOPPAGNE play_arrow
(Foto: EPA/BENOIT DOPPAGNE)

An der Belsch ass et um Kinnek, d'Demissioun vun engem Premierminister unzehuelen - oder eben net. D'Decisioun, déi dëse Moien annoncéiert gouf, huet véier Deeg gedauert. Véier Deeg, an deenen de Kinnek sech d'Zäit geholl huet, sech mat all de Parteien an der Regierungskoalitioun ze treffen.

D'Parteien hunn dem Kinnek verséchert, datt si d'Verhandlunge fir de Budget esou séier wéi méiglech wëllen ofschléissen. Dofir wiere si bereet, Konzessiounen ze maache fir ënner anerem de Staatsdefizit ze begrenzen. 

Kinnek gëtt dem Premier 10 Deeg laang Zäit

Domat steet de Premier nees quasi um Ufank. Elo wëllt hien Eenzelgespréicher mat de Vertrieder vun de Parteie féieren, fir gemeinsam Méiglechkeeten ze fannen, bis 2029 zéng Milliounen Euro ze spueren. 

Ee gréissere Sträitpunkt kéint dobäi d'Steiererhéijung sinn. Déi gouf vun de franséisch-sproochege Liberalen awer kategoresch refuséiert, wärend déi flämesch Sozialiste refuséieren, Spuermesuren am Gesondheetssecteur duerchzeféieren. Si géife léiwer Millionäre besteieren - dat gëtt allerdéngs vum Bart de Wever senger Partei ofgeleent. 

An zéng Deeg soll de Premierminister nees bei de Kinnek. Bis dohi soll hien ee Budget op d'Bee gestallt hunn, esou dem Kinnek seng Fuerderung. 

Lauschterenplay_arrow