Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Johann Sebastian Bach - Concerto fir zwou Geien a Ré Mineur, BWV 1043, I. Vivace - Isabelle Faust (Gei), Christoph Poppen (Gei), Bach-Collegium Stuttgart, Helmuth Rilling (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Bis ewell 7 Doudeger - dorënner 4 Pompjeeën 

Bëschbränn a Portugal 

Bis ewell 7 Doudeger - dorënner 4 Pompjeeën 

A Portugal kämpfen Dausende Pompjeeë weider géint d'Bëschbränn am Norden an Zentrum vum Land. Zanter e Sonndeg si scho 7 Mënsche wéinst de Feier em d'Liewe komm, dorënner véier Pompjeeën. 50 Leit goufe blesséiert.

auto_stories

1 min

Foto: Epa

Méi wéi 5.300 Pompjeeën, Zaldoten a Secouriste kämpfe géint 20 gréisser Bränn. Am schlëmmste betraff sinn d'Regiounen Aveiro, Porto, Coimbra a Viseu. Der portugisescher Noriichtenagence Luso no, si bis elo 62.000 Hektar Bësch a Vegetatioun verbrannt. 

Fir ze hëllefen hu Spuenien, Italien, Frankräich a Griicheland Läschfligeren a Portugal geschéckt.