Radioen

On air

Notturno  |  Heinrich Baermann - Quintett a Mi bémol Majeur, Op. 23 - Rita Karin Meier (Klarinett), Belenus Quartett

play_arrow Live
opus

/ Deier Tickete fir Taylor Swift Concerten an Arsenal-Matcher: Keir Starmer an der Kritik

Groussbritannien

Deier Tickete fir Taylor Swift Concerten an Arsenal-Matcher: Keir Starmer an der Kritik

Wéinst rezente Revelatioun ronderëm eng Partie Avantagë steet déi nei brittesch Regierung elo schonn ënner Drock. De Premier Keir Starmer kritt ënner anerem virworf, datt seng chef de cabinet elo méi verdéngt, wéi hie selwer. Dobäi kommen deier Kaddoen, déi den neie Regierungschef ugeholl huet.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Keir Starmer | © picture alliance / NurPhoto | MI News play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | MI News

Claire Barthelmy (London)

Déi Concernéiert Sue Grey krut no de Walen eng Lounerhéijung. Dat huet d'BBC opgedeckt. Si verdéngt am Joer ëmgerechent ronn 202.000 Euro, an domat ongeféier 4.000 Euro méi wéi de Premier, an ee gutt Stéck méi wéi d’Ministeren.

Chef de cabinet wëll net manner verdéngen

Gläichzäiteg hunn aner Labour-Mataarbechter hir Pai gekierzt kritt, zanter datt si an d’Regierung komm sinn. Eng Source sot der BBC, datt der Sue Grey virgeschloe gouf, awer bësse manner wéi de Premier ze verdéngen, wat si awer refuséiert hätt. Si ass virun allem bekannt duerch hir Ermëttlungen am “Partygate” Skandal, deen zur Chute vun der konservativer Regierung bäigedroen hat.

De Keir Starmer selwer gëtt och grad stark kritiséiert, well hien de Revelatioune vun SKY News no deier Kaddoe vu Spender soll ugeholl hunn. Hien hätt deemno zanter 2019 Ticketen, Kleeder an Hotelsiwwernuechtungen am Wäert vu méi wéi 10.000 Pond spendéiert kritt.

Premier League Ticketen fir näischt

D’Premier League taucht als groussen Donateur op: Si huet dem Keir Starmer, dee groussen Arsenal Fan ass, Ticketen am wäert vu 40.000 Pond ginn. Do waren och Taylor Swift Concertsticketen dobäi. Déi hate ronn 4.000 Pond kascht. Deier Kleeder, déi dem Keir Starmer seng Fra vun engem Donateur kritt huet, hat hien ze spéit deklaréiert. De Premier géing mat dëse Kaddoen Interessekonflikter riskéieren, soe seng eege Regierungsbeamten.

De Premier huet d’Done vun de Fussballsticketen domat gerechtfertegt, datt hien aus Sécherheetsgrënn d’Matcher net op den normal Plazen an de Stadie kéint kucken, an dofir déi méi deier, ofgeschott Platze misst hunn.

Och wann d’Revelatioun op d’Zäiten zeréckginn ier de Keir Starmer Premier war: Bei der Populatioun kommen d’Informatiounen iwwert héich Salairen an deier Kaddoe guer net gutt un. Schliisslech huet d’Regierung viru kuerzem d’Heizkäschteprimm fir Pensionären ofgeschaaft, mam Argument, et misst gespuert ginn.

Lauschterenplay_arrow