D‘Feieren a Portugal hätten déi am Ofstand déi héchsten Emissiounen an de leschten 22 Joer verursaacht. D‘Dampwolleke beweegen sech Richtung Norden a sollen och an eise Géigenden nach ze spiere sinn. Copernicus rechent mat enger Verschlechterung vun der Loftqualitéit. Duerch d‘Konzentratioun vu ganz rengem Stëbs, dee schlecht fir de Buedem an och fir d‘Gesondheet vum Mënsch ass.
arrow_back_ios
opus
opus
/ Feier a Portugal: Renge Stëbs belaascht d'Atmosphär an Europa
Ganz héich Emissiounen
Feier a Portugal: Renge Stëbs belaascht d'Atmosphär an Europa
Zënter dem Weekend ginn et a Portugal grouss Bëschbränn, déi bis elo schonn 106.000 Hektar zerstéiert hunn. 6 Leit sinn dobäi ëm d‘Liewe komm, 60 goufen der blesséiert. Den europäesche Copernicus-Programm fir d‘Iwwerwaachung vun der Atmosphär warnt elo viru ganz héije Kuelestoff-Emissiounen.
auto_stories
1 min
(Foto: Copernicus)