Radioen

On air

Notturno  |  Pjotr Iljitsch Tschaikowski - Variatiounen iwwert ee Rokoko Thema fir Cello, Op. 33 - Françoise Groben (Cello), Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, David Shallon (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ D’Police féiert keng Statistiken iwwert d’Nationalitéit bei Strofdoten

Den Inneminister deklaréiert

D’Police féiert keng Statistiken iwwert d’Nationalitéit bei Strofdoten

D’Police géif keng Statistiken iwwert d’Nationalitéit vun den Auteure vun enger Strofdot féieren, an och keng iwwert de Residenz- oder Openthaltsstatus vu presuméierten Täter. Dat äntwert den Inneminister Léon Gloden op eng parlamentaresch Fro vun den adr-Deputéierte Fred Keup an Tom Weidig zu de Kriminalitéitsstatistiken

auto_stories

1 min

De Minister, deen zweemol a senger Äntwert drop hiweist, datt d’Froe populistesch wieren, schreift och, datt an deene Statistike keen Ënnerscheed tëscht den Nationalitéiten, Reliounen an Originne vun den Täter géif gemaach ginn. De Bierger hätt e Recht op Sécherheet, betount de Léon Gloden nach.