Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Carl Davis - The Wedding March Suite, II. Ave Maria - The City of Prague Philharmonic, Carl Davis (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Caritas: International Projete kënnen net viru gefouert ginn, 55 Mataarbechter am Südsudan verléieren hir Aarbecht

Wéinst der Bedruchsaffär

Caritas: International Projete kënnen net viru gefouert ginn, 55 Mataarbechter am Südsudan verléieren hir Aarbecht

D‘Caritas géif veschidden international Projeten nach esou gutt ewéi et geet fäerdeg maachen, seet der Caritas hire Chef vun der internationaler Kooperatioun, Michael Feit. Well der Caritas hir international Aktivitéiten net kënne weider goen, verléieren och eng ganz Partie Leit hir Aarbecht, dorënner 52 Mataarbechter:innen am Sudan.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

play_arrow
De Michael Feit ass bei der Caritas de Chef vun der internationaler Kooperatioun (Foto: Chris Zeien)

Lauschterenplay_arrow

Nodeems bekannt gouf, datt 61 Millioune geklauten goufen, wier awer séier kloer gewiescht, datt der Caritas hir international Aktiviéite keng Zukunft méi hunn, seet de Michael Feit am 100,7-Interview. Et wier och net méiglech gewiescht, nei Donateuren ze fannen.

D'Europäesch Unioun hätt ee missten offiziell informéieren an dofir wier een och offiziell suspendéiert ginn a géif keng Sue méi kréien. D'Vereenten Natioune géifen dat "änlech" gesinn, genee wéi privat Donateuren. An dat wier och novollzéibar, sou de Michael Feit.

"Auch wir, wenn wir einen Partner hätten, bei dem so etwas vorgekommen wäre, der würde bei uns auch keine weiteren Mittel mehr bekommen. Insofern ist das nachvollziehbar."

D'Caritas hätt dofir mat verschiddenen Donateuren ofgemaach, datt si d'Suen net der Caritas schécken, mee direkt mat de Partneren um Terrain. Dat wier och gutt gelongen, sou de Michael Feit.

"Es ist natürlich sehr schwierig, wenn man einen Partner anspricht und sagt, „ich habe hier 61 Millionen geklaut bekommen und bin de facto selbst Schuld, könnt ihr uns bitte noch Hunderttausende geben um den Schaden, den wir verursacht haben, zu minimieren."

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview