Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ D‘Regierung huet keng Pläng fir déi zwee ëffentlech Meteoservicer ze fusionnéieren

Äntwert op parlamentaresch Fro

D‘Regierung huet keng Pläng fir déi zwee ëffentlech Meteoservicer ze fusionnéieren

Déi zoustänneg Ministerin Yuricko Backes preziséiert, datt Service Agrimeteo wier awer an der Tëschenzäit gestäerkt ginn an de Service Meteolux géif de Krittäre vun der „World Meteorological Organization“ nokommen.

auto_stories

1 min

Foto: Flickr Chambre des Députés

Den aktuelle Regierungsaccord géif keen Zesummesetze vun den zwee Servicer virgesinn, sou d'Ministerin an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den Deputéierte vun Déi Gréng Joëlle Welfring a Meris Sehovic.

Schonn zënter 2018 ginn et Diskussiounen iwwer d‘Schafe vun enger nationaler meteorologescher Institutioun. Nodeems verchidden Zeenerien iwwerpréift goufen, wier dëse Projet awer net zustane komm.