Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Franz Schubert - Schwanengesang, D. 957, Nr.4, Ständchen - Jean-Nicolas Diatkine (Piano)

play_arrow Live
opus

/ D'Zuel vun Héichwaasseraffer a Mëttel- an Osteuropa klëmmt weider

Katastroph

D'Zuel vun Héichwaasseraffer a Mëttel- an Osteuropa klëmmt weider

Beim Héichwaasser a Mëttel- an Ost-Europa ass de Bilan op 21 Doudeger geklommen. An Éisträich gouf den Dënschdeg ee 5. an a Polen e 6. Doudesaffer fonnt.

auto_stories

1 min

D'Héichwaasser tëscht Kaditz an Dresden. (Foto: picture alliance/dpa | Sebastian Kahnert)

An de Katastropheregiounen huet d'Héichwaasser sech plazeweis stabiliséiert. Mee vill Regioune, Stied an Dierfer bleiwen iwwerschwemmt.

Iwwerdeems hunn d'Stierm an dee staarke Reen elo Italien erreecht. Do gëtt et Iwwerschwemmungs-Warnunge fir grouss Deeler vum Land. An der Stad Pescara, an Zentral-Italien, steet d'Waasser schonn an de Stroossen.