Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Carl Davis - The Wedding March Suite, II. Ave Maria - The City of Prague Philharmonic, Carl Davis (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Den OPC kritiséiert, datt Meteolux an AgriMeteo net fusionnéieren

Keng eenheetlech Kommunikatioun

Den OPC kritiséiert, datt Meteolux an AgriMeteo net fusionnéieren

Den Observatoire de la politique climatique, OPC, kritiséiert d’Decisioun vun der Regierung déi zwee national Wiederservicer als onofhängeg Servicer ze erhalen. Grad an Zäite vun extreeme Wiederphenomeener wier et wichteg en eenheetleche Message erauszeginn, esou de Jean-Pascal Van Ypersele, Member vum Observatoire de la politique climatique am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

Foto: agrimeteo

Den emeritéierte Professer fir Klimatologie op der Uni Louvain betount, datt et duerch zwee verschidde meteorologesch Servicer mat zwee verschiddene Mandater zu inkoherente Bewäertungen a Warnunge vu Wiederrisike kéint kommen. Dat hätt och an der Belsch schonn zu Problemer geféiert.

"Je crois que c'est malheureux parce que quand on donne des messages d'alertes qui ne sont pas fondés sur des informations très solides et qu'on multiplie des messages d'alertes qui ne sont pas toujours pertinents, on risque de créer une lassitude dans le public. C'est comme quand on crie au loup trop souvent, eh bien quand le loup est vraiment là, vous connaissez le proverbe, on ne fait plus attention et on risque d'être mangé par le loup."

Vun enger besserer Koordinatioun géif déi ganz lëtzebuergesch Populatioun profitéieren, esou de Jean-Pascal Van Ypersele.

An anere Länner wéi der Belsch zum Beispill géif et een nationale meteorologesche Service ginn, deen als Referenzorgan géif déngen.

Rezent hat d'Mobilitéitsministesch an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro gesot, datt Meteolux an AgriMeteo sollen zwee onofhängeg Servicer bleiwen. Den OPC hat an hirem Avis explizitt dovunner ofgeroden.

Lauschterenplay_arrow