Fussball

D'Spëtzt vun der FIFA stellt sech hanner hiren ëmstriddene President Infantino

Datt d'Spëtzt sech hanner den Gianni Infantino stellt, dat war de Message an engem Communiqué, dee gëschter no enger Reunioun publizéiert gouf, déi kuerzfristeg a Marokko zu Rabat aberuff gi war.

auto_stories

1 min

© EPA/JALAL MORCHIDI
(Foto: EPA/JALAL MORCHIDI)

Et gëtt jo Onrou ronderëm d‘FIFA. Dat nodeems Pläng bekannt goufen, datt d‘Rechter u FIFA-Competitiounen deelweis u privat Investisseure solle verkaaft ginn. 

D‘FIFA entschëllegt sech am Communiqué a seet agesinn ze hunn, datt Feeler gemaach gi wieren. Dat virun allem, well d‘Pläng duerch eng Fuite un d‘Press koumen, esou d‘Schreiwes.