D’Bedéngunge fir de Boykott zeréckzezéie wieren net ganz erfëllt seet d’UEFA. Éischtens missten d’Pläng zeréckgezu ginn, wat jo och geschitt ass, an zweetens...
"Mussen Zousécherunge gemaach ginn, datt esou Versich, de Fussball op déi Aart a Weis ze entstellen, ni méi dierfen ënnerholl ginn."
Virun allem dee Punkt gesäit den europäeschen Daachverband net erfëllt.
Kee Vertraue méi an den Infantino
Iwwerdeems huet d’UEFA op en Neits betount, datt ee kee Vertraue méi an de Gianni Infantino als FIFA-President hätt.
Datt héich FIFA-Funktionären de Schwäizer weiderhin als richteg Persoun fir de Poste vum FIFA-President gesinn, géif dorun näischt änneren, esou nach d’UEFA.