Fussball

FIFA-Chef Infantino berifft Krisesëtzung an - Jordanie wërft der FIFA Erpressung vir

De FIFA-President Gianni Infantino huet fir de Mëtteg eng Krisesëtzung aberuff. An der marokkanescher Haaptstad Rabat, dem FIFA-Haaptsëtz an Afrika, trëfft den Gianni Infantino sech mat Spëtzefonctionnaire vun der FIFA fir eng "Noutfallsëtzung".

auto_stories

1 min

© Ben Sutherland/Flickr
(Foto: Ben Sutherland/Flickr)

Den Inhalt vun de Gespréicher ass den Ament awer nach net bekannt.

Erpressungsvirwërf aus Jordanien

Haartvirwërf géint de FIFA-President kommen aktuell aus Jordanien. De Chef vum jordanesche Verband, de Prënz Ali bin al-Hussein, seet, datt déi jordanesch Nationalspiller keng Primme vun der FIFA kritt hätten.

Him wier wärend der WM matgedeelt ginn, datt et hëllefe géif den Gianni Infantino als FIFA-President ze ënnerstëtzen, fir dee Probleem ze léisen, esou den al-Hussein op der Plattform X.

De Prënz al-Hussein war 2016 och an d’Course fir de Poste vum FIFA-President gaangen, hat awer géint de Schwäizer Infantino keng Chance bei där Wal.