Déi schwaarz-rout Koalitioun huet nëmmen eng zimmlech kleng Majoritéit vun 12 Stëmmen, trotzdeem gëllt d'Wal vum Merz als zimmlech sécher. Wann alles leeft wéi geplangt, ginn de Friedrich Merz a seng 17 Ministerinnen a Ministeren duerno vum President Frank-Walter Steinmeier ernannt an am Bundestag vereedegt.
De Regierungswiessel war gëschter Owend zu Berlin mat där traditioneller "Zapfenstreich"-Ofschloss-Zeremonie fir den Olaf Scholz ageleet ginn.