De Friedrich Merz hätt keng Zweiwel drun, datt CDU, CSU an SPD vertrauensvoll wäerten zesummeschaffen, esou deen neie Bundeskanzler.
Hie reest haut um Mëttwoch an d'Nopeschlänner Frankräich a Polen. Zu Paräis huet hien eng Entrevue mam franséische President Emmanuel Macron, an zu Warschau mam polnesche Premier Donald Tusk.
Bei der däitscher SPD gëtt dann haut eng nei Spëtzt gewielt. Den Deputéierte Matthias Miersch ass deen eenzege Kandidat fir d'Successioun vum Lars Klingbeil, deen elo Vizekanzler a Finanzminister an där neier Regierung ass.
Éischt Kritik vun deene Gréngen
Déi nei Regierung war gëschter fir hir éischt Sëtzung beieneen. Däitsche Medie no wier dobäi decidéiert ginn als Spuermesure 25 Poste vun den 43 Regierungs-Beoptraagten a Coordinateuren ofzeschafen. Dorënner déi vum Mier-Beoptraagten an dem Spezial-Beoptraagte fir international Klimapolitik. Déi fréier gréng däitsch Ëmweltministerin Steffi Lemke sot, dat wier e fataalt Signal fir de Mier- a Klimaschutz.
De Rick Mertens huet am Moiesstudio mat eisem Däitschland-Korrespondent iwwer d'Situatioun an eisem Nopeschland geschwat.