No 39 Joer an der Arméi, dovunner déi lescht sechs als Chef d’état-major, geet fir de Generol Steve Thull seng Militärkarriär op en Enn.
A senger leschter Ried un d’Truppen zitt hien de Bilan vun enger Zäit, an där sech d’Lëtzebuerger Arméi staark verännert hätt. Zënter 2020 wier d’Personal ëm 45 Prozent op ronn 1.450 Leit gewuess. Mam Krich an der Ukrain hätt sech och d’Sécherheetslag fundamental verännert.
"D’Lëtzebuerger Arméi ass amgaang déi gréisste Projete säit dem Ofschafe vum obligatoreschen Déngscht an dem Aféiere vum fräiwëllegen Déngscht am Joer 1967 ëmzesetzen.“
Op de neie Chef d’état-major Claude Robinet waarde grouss Aufgaben. Lëtzebuerg wëll an den nächste Jore méi an d’Verteidegung investéieren an d’Lëtzebuerger Arméi weider ausbauen.
Mei Capacitéiten an der Loft- a Rakéitenofwier
E wichtege Projet ass virun allem de gemeinsame Kampfbatailloun mat der Belsch. Donieft soll d’Arméi ënner anerem Capacitéiten an der Loft- a Rakéitenofwier an am Beräich vun den Dronen opbauen.
Fir d’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes ass dës Transformatioun nach laang net ofgeschloss.
"D'Defense muss weider signifikant wuessen an dofir musse mir d'Attraktivitéit vum militäresche Beruff weider fërderen.“
Fir dat ëmzesetzen, misst d’Defense awer net nëmme genuch finanziell Moyene kréien, mee och d’Personal diversifizéieren, esou d’Defenseministesch.
Fokus op nei Technologien
Virun deenen Aufgabe steet elo de Colonel Claude Robinet. Hien huet eng Rëtsch Schwéierpunkte fir seng Zäit un der Spëtzt vun der Arméi genannt: Diversitéit, Operationalitéit, Integritéit an nei Technologien.
"Mir bleiwen nëmme relevant, wa mir déi nei Technologien, wéi kënschtlech Intelligenz, Cloud-Computing a Robotik integréieren an eis ze notze maachen.“
D’Arméi misst dofir nei Talenter a Beruffer unzéien, hir Capacitéite weider ausbauen an dofir suergen, datt déi Investissementer och um Terrain ukommen. De Krich an der Ukrain géif weisen, wéi séier sech d’Krichsféierung verännert, esou nach den neie chef d’état-major de Claude Robinet.