Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Franz Schubert - Schwanengesang, D. 957, Nr.4, Ständchen - Jean-Nicolas Diatkine (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Den CDU-Chef Friedrich Merz wäert Kanzlerkandidat fir d‘Unioun ginn

Däitschland

Den CDU-Chef Friedrich Merz wäert Kanzlerkandidat fir d‘Unioun ginn

Den CSU-Chef Markus Söder géif dem Merz d‘Spëtzenkandidatur iwwerloossen, wéi d‘Deutsche Presse-Agentur mellt. Béid Parteicheffen hate sech de Moie getraff an hu fir den Dënschdeg op eng Pressekonferenz invitéiert.

auto_stories

1 min

Friedrich Merz a Markus Söder | © picture alliance/dpa | Kay Nietfeld
Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld

Déi definitiv Decisioun wäert e Méindeg falen, wann d‘Gremie vu béide Parteie sech treffen. De Friedrich Merz soll deemno d‘Union vun CDU an CSU d‘nächst Joer rëm zeréck an f‘Regierung féieren; 4 Joer no hirem Desaster bei de leschte Walen 2021.