Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ Den Tom Habscheid gewënnt d'Bronzemedail am Bommstoussen

Paralympesch Spiller

Den Tom Habscheid gewënnt d'Bronzemedail am Bommstoussen

Grandios Leeschtung vum Tom Habscheid bei de Paralympesche Spiller zu Paräis: Den 38 Joer ale Para-Athlet huet nämlech d’Bronzemedail am Bommstousse gewonnen.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / ATP photo agency | MAKOTO Takahashi

De Lëtzebuerger huet d’Kurrel 14,97 Meter wäit gestouss an ass domat nëmmen 13 Centimeter ënnert sengem perséinleche Rekord bliwwen. Gold war fir de Faisal Sorour aus Kuwait mat 15,31 Meter.