Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ Wien ass den Tom Habscheid?

Paralympesch Spiller

Wien ass den Tom Habscheid?

Bei de Paralympesche Spiller zu Paräis kënnt haut den zweeten a leschte Lëtzebuerger Sportler zum Asaz. Vu 5 vir hallwer 9 den Owend u steet den Tom Habscheid nämlech an der Finall vum Bommstoussen.

auto_stories

1 min

Tom Habscheid | © picture alliance / ATP photo agency | AKAGI
Foto: picture alliance / ATP photo agency | AKAGI

An dat an der Klass F63: Déi betrëfft Athlete mat enger moderéierter Limitatioun vun de Beweegunge vun engem Been oder deenen d’Been iwwert dem Knéi feelt.

Fir den 38 Joer alen Tom Habscheid ass et schonn déi 3. Participatioun u Paralympics, no Rio de Janeiro 2016 an Tokio 2021. De Para-Athlet, fir deen d’Paralympesch Spiller 2012 zu London d’Inspiratiounsquell waren, huet sech dono dem Bommstoussen an dem Diskusworf verschriwwen. Zwee Joer dono, 2014, gëtt den Tom Habscheid ewell Vize-Europameeschter am Diskusworf (d’selwecht wéi 2016 an 2018), 2017 Vize-Weltmeeschter am Diskusworf, 2018 Vize-Europameeschter am Bommstoussen (d’selwecht wéi 2021) an 2019 Vize-Weltmeeschter am Bommstoussen.

Zu Paräis ass haut och eng Medail dran: Den Tom Habscheid ass nämlech, wat säi perséinleche Rekord ugeet, mat 15,10 Meter (wat iwwregens de Weltrekord ass) den Drëttbeschte vun den am Ganzen 10 Konkurrenten, iwwerdeems hien de Resultater vun dëser Saison no mat 14m36 de 4.-Beschten ass. Rendez-vous, vläicht mat der Geschicht, ass also den Owend um 20h25.