Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ Op Besuch am Paralympeschen Duerf

Sport

Op Besuch am Paralympeschen Duerf

Zanter dem 28. August an nach bis e Sonndeg sinn zu Paräis déi Paralympesch Spiller, bei deene Lëtzebuerg mam Bommstousser Tom Habscheid an der Rennrollstullsprinterin Katrin Kohl vertrueden ass. Béid Sportler:innen trieden dës Woch un. Mir hunn am Paralympeschen Duerf nogefrot, wéi si dës Spiller erliewen.

auto_stories

3 min

Foto: Max Tholl

Eigentlech hat den Tom Habscheid no de Paralympesche Spiller zu Tokio 2021 decidéiert, seng Karriär un den Nol ze hänken, mee am Fréijoer huet hie säi Comeback ginn a wäert de Samschdeg den Owend am Stade de France beim Kugelstoussen an der Startklass F63 untrieden. Nervositéit verspiert hie bei sengen drëtte Paralympesche Spiller nach net, vill méi Virfreed, well de Stadion vill Spectateuren a Spectatricen unzitt an d'Euphorie grouss ass.

Fir d'Katrin Kohl, déi e Mëttwoch fir den 100-Meter-Sprint am Rennrollstull an der Startklass T54 untrëtt, sinn et déi éischt Paralympesch Spiller .Schonn d'Erëffnungszeremonie huet bei hir e positiven Androck hannerlooss.

"Et war wierklech super, also d’Stëmmung war mega, och déi Pré-Parade, wou wierklech scho sou vill Leit bausse stoungen."

Zil: Besser wéi déi leschte Kéier ze sinn

Fir d'Newcomerin bei de Spiller geet et e Mëttwoch virun allem ëm dat perséinlecht Zil, besser Leeschtungen ze bréngen, wéi bei hire leschte Competitiounen an eventuell och eng nei Beschtleeschtung ze bréngen.

Och fir den Tom Habscheid, deen am Kugelstousse scho Vize-Welt- a Vize-Europameeschter war an e Weltrekord hat, gëtt et e kloert Zil: besser wéi zu Tokio, wou hie mat der véierter Plaz knapp d'Medail verpasst hat. Fir hien ass et déi lescht Chance op eng Plaz um Paralympesche Podium.

"Nee nee, et sinn definitiv meng drëtt a meng lescht Spiller."

Wéinst de Spiller géif de Parasport elo grad méi Opmierksamkeet kréien, soen den Tom Habscheid an d'Katrin Kohl, et wier awer wichteg, datt dat och nohalteg esou bleift.

Méi Ënnerstëtzung fir de Parasport

Ze dacks géifen déi Paralympesch Spiller nach mat den Olympesche Spiller verwiesselt oder vermëscht ginn, kritiséiert den Tom Habscheid. Hei misst een d'Ofgrenzung méi kloer ervirhiewen.

Och gëtt et dem Kugelstousser no nach ze wéineg Visibilitéit fir de Parasport, wat och mat der Zuel vun den Athleeten an Athleetinnen zesummenhänkt.

"Mir brauchen halt wierklech méi Leit mat Behënnerungen, déi iergendwou an engem Sportclub un eng Dier klappen a soen: hei ech wéilt dat an dat gäre maachen."

Och wann et Ënnerscheeder tëschent den Olympeschen a Paralympesche Spiller gëtt, d'Ënnerstëtzung fir d'Sportler:innen, do si sech den Tom Habscheid an d'Katrin Kohl eens, sollt déi selwecht sinn. D'Spiller zu Paräis kéinten hei e wichtegt Signal sinn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Sport