Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Dmitri Schostakowitsch - Scherzo fir Orchester a Fa Mineur, Op. 1 - Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, Gustavo Gimeno (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Dominique Pelicot: "Ech sinn ee Vergewalteger"

Frankräich

Dominique Pelicot: "Ech sinn ee Vergewalteger"

Den 71 Järegen kritt virgehäit iwwer 10 Joer laang seng Fra, d‘Gisèle Pelicot, drogéiert ze hu fir se selwer ze vergewaltegen an och vun Dosende Männer vergewaltegen ze loossen, déi hien online rekrutéiert huet.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance NurPhoto Jerome Gilles

Seng Fra hätt dat net verdéngt gehat an hie géif si ëm Pardon froen – och wann dat net akzeptabel wier, esou dem Dominique Pelicot seng Ausso haut virum Geriicht zu Avignon. Hien huet d’Dot zouginn - hat sech bis elo awer nach net am Detail zum Fall geäussert. Seng Aussoen si kruzial fir de Fall vun de 50 anere Männer, déi nieft him ugeklot sinn. Den Dominique Pelicot huet si haut am Geriichtssall belaascht: Si wiere genee sou wéi hien och Vergewalteger.

Duechter kéint och betraff sinn

Seng Duechter, déi mëttlerweil 45 Joer al ass, soll hien iwwerdeems ni, weder Drogéiert nach vergewaltegt hunn. Si ass eegenen Aussoen no, allerdéngs dovun iwwerzeegt, datt hire Papp och si mëssbraucht huet. Och vun hir wieren nämlech bis elo onbekannte Fotoen entdeckt ginn, op deenen si zum Deel plakeg ze gesinn ass.

Déi schockéierend Virwërf géint den Dominique Pelicot goufen ëffentlech, wéi verstoppten Opname vun de Mëssbräich um Computer vum Ugeklote fonnt goufen. Virdru war seng Fra Gisèle Pelicot sech dem jorelaange Mëssbrauch net bewosst - well si systematesch vun hirem Mann drogéiert gouf.

Ëffentleche Prozess aus Solidaritéit fir aner Fraen

Zanter 2020 schonn ass den Dominique Pelicot inhaftéiert. An de leschten Deeg gouf de Prozess e puer mol ënnerbrach, well den Ugekloten aus gesondheetleche Grënn net op d’Geriicht komme konnt.

A franséische Medie geet iwwerdeems Rieds vun der franséischer Me-Too-Bewegung. Et ass nämlech der mëttlerweil Ex-Fra vum Dominique Pélicot hire Wonsch, datt de Prozess ëffentlech gemaach – aus Solidaritéit mat anere Fraen, déi als Affer vu Sexualverbriechen net unerkannt gi wieren, sou nach d’Gisèle Pelicot.

De Prozess ass fir 4 Méint ugesat. Fir de Mëssbrauch droen dem Dominique Péilcot an déi 50 Mat-Ugeklote bis zu 20 Joer Prisong.

Aktualitéit
International