Et ass e Live-Matschnëtt aus dem Münchener Herkulessaal ënnert der Leedung vum Simon Rattle. Den Orchester gouf bei der Opféierung vum Bach sengem Meeschterwierk vun den Augsburger Domsingknaben a vun Internationale Solisten ënnerstëtzt. D’Partie vum Christus gëtt gesonge vum Éisträichescher Georg Nigl. De Britteschen Tenor Mark Padmore iwwerhëlt d’Roll vum Evangelist. 1829 war d’Matthäuspassioun duerch de Felix Mendelssohn-Bartholdy nees rëmentdeckt an opgefouert ginn. “Et war wéi wann een d’Dier vun engem laang zougespaarten Tempel nees opgemaach hätt.”
Johann Sebastian Bach: Matthäuspassion BWV 244Ufankschouer an den zweeten Deel
Interpreten:Camilla Tilling, Sopran Magdalena Kožena, Mezzosopran Andrew Staples, Tenor Roderick Williams, Bariton Georg Nigl, Bariton (Jesus) Mark Padmore, Tenor (Evangelist) Augsburger Domsingknaben Chor des Bayerischen Rundfunks Orchester des Bayerischen Rundfunks Simon Rattle, Direktioun
Dëse Concert ass disponibel bis den 21.Mee 2025. |