Radioen

On air

Notturno  |  Colin Matthews, David Matthews - Greed Suite, II. Biting The Hand - London Philharmonic Orchestra, Carl Davis (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ E Requiem wéi keen aneren

Eng Doudesmass trëfft op Motetten

E Requiem wéi keen aneren

Dem Gabriel Fauré säi Requiem: e Wierk, bei deem den Doud net nëmmen negativ a schwéierfälleg ass. D'Doudesmass gëtt duerch méi liicht Motette vum Bruckner a Fauré opgelockert.

auto_stories

2 min

headphones

121 min

© Marc Welter play_arrow
(Foto: Marc Welter)

Dem Fransous Gabriel Fauré seng Doudesmass stécht definitiv duerch hire manner traditionellen Oflaf grad wéi déi ëmmer nees positiv Passagen ervir, déi nieft dem Doud och d'Hoffnung op e Liewen am Himmelsräich symboliséieren. Een Zeechen heifir ass de Saz "In Paradisum", deen normal net an der traditioneller Requiemform enthalen ass.
Bei dësem Concertsprogramm goufen déi méi schwéierfälleg Emotioune vun enger Doudemass och duerch déi aner Programmpunkte opgelockert: nieft dem Fauré sengem Requiem stinn och eng ganz Rei kuerz, melodesch Motetten um Programm, dëst souwuel vum Fauré selwer, wéi och vum éisträichesche Komponist Anton Bruckner. Ervirstécht hei direkt dat éischt Stéck um Programm: de bekannte "Locus iste".
Musikalesch ëmgesat gëtt dëse Programm vun der Chorale Saint-Michel an dem Estro Armonico ënner der Leedung vum Gerry Welter. Am Vierdergrond stinn och d'Sopranistin Véronique Nosbaum, grad wéi de Franz Schilling, deen de Bass-Part iwwerhëlt, den Organist Alain Wirth an d'Jehanne Strepenne op der éischter Gei. 
Opgeholl gouf dëse Concert op Allerséilen 2024 a lauschtere kënnt Dir dësen nach bis den 20. Mee 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7.

Lauschterenplay_arrow

Programm:

Anton Bruckner (1824-1896):

  • Locus iste
  • Ave Maria (7-stëmmeg)

Gabriel Fauré (1845-1924):

  • Ave Verum
  • Ave Maria, op.67/2
  • Berceuse
  • Après un rêve
  • Sancta Mater
  • Pavane
  • Tu es Petrus
  • Requiem a Ré mineur, op.48 (Version 1893) (Introitus a Kyrie, Offertorium, Sanctus, Pie Jesu, Agnus Dei, Libera Me, In Paradisum)

Interpreten:

Véronique Nosbaum, Sopran
Franz Schilling, Bass
Alain Wirth, Uergel
Jehanne Strepenne, Gei
Chorale Saint-Michel
Estro Armonico
Gerry Welter, Direktioun