Solist beim Concert vun der Deutsche Radiophilharmonie ënner dem Dirigent Michael Schønwandt ass de brittesche Pianist Steven Osborne. Bei dësem Programm trëfft Virtuositéit op sinfonesch Gréisst: Dem Benjamin Britten säi Pianosconcerto a Re Majeur bitt Energie a Kontraster, wärenddeems dem Edward Elgar seng éischt Sinfonie mat vollem Orchesterklang begeeschtert.
Dëse Concert iwwerdroe mir de 27. Abrëll um 11 Auer an Zesummenaarbecht mam SR Kultur live vu Saarbrécken aus der Congresshalle um radio an opus 100,7. De Concert kann ee bis de 4. Mee an der Mediathéik op www.opus.radio nolauschteren.
Programm:
Benjamin Britten (1913-1976): Concerto fir Piano a Ré Majeur Op.13
Edward Elgar (1857-1934): Sinfonie Nr.1 a La bémol Majeur Op.55
Interpreten:
Steven Osborne, Piano
Deutsche Radio Philharmonie
Michael Schønwandt, Direktioun