D’Sayako Kusaka huet schonn eng sëlleg Präisser op internationale Competitioune gewonnen. Si huet säit ville Joren eng grouss Karriär, nieft hirer Positioun als Konzertmeisterin am Orchester vum Konzerthaus Berlin ass Si och eng gefrote Solistin a Kammermusekerin. Bei dësem Portraitconcert presentéiert sech déi jonk Geiistin zesumme mat Kammermusekpartneren an engem villsäitege Programm.
Dëse Concert ass de 23. Abrëll 2024 an der Oji Hall zu Tokyo opgeholl ginn. Dir kënnt en bis den 28. Abrëll 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.
Programm:
Gustav Mahler (1860-1911): Piano Quartett a La Mineur
Johann Sebastian Bach (1685-1750), arr. Dmitry Sitkovetsky (1954): Goldberg Variatiounen, BWV 988
Clara Schumann (1819-1896): Dräi Romanzen fir Gei a Piano, Op. 22
Robert Schumann (1810-1856): Piano Quintett a Mi bémol, Op. 44
Interpreten:
Sayako Kusaka, Gei
Kyoko Ogawa, Gei
Felix Schwartz, Braatsch
Andreas Greger, Cello
China Kusaka, Piano