Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Ludwig van Beethoven - Sinfonie Nr.3 a Mi bémol Majeur, Op. 55 "Eroica", III. Scherzo: Allegro vivace - Solistes Européens, Luxembourg, Christoph König (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Finanzskandal Caritas: déi gréng fuerderen dréngend Sëtzung vun der Familljekommissioun

Chamber

Finanzskandal Caritas: déi gréng fuerderen dréngend Sëtzung vun der Familljekommissioun

Am Zesummenhank mam Ënnerschloe vu Fonge vun der Caritas froen déi gréng, datt déi zoustänneg Chamberkommissioun vun der Famill dréngend zesumme kënnt. De Minister Max Hahn, de Premier Luc Frieden a Vertrieder vun der Caritas sollten an déi Sëtzung kommen, fuerderen d’Deputéiert Joëlle Welfring an Djuna Bernard.

auto_stories

1 min

Caritas | © Wikimedia Commons

E Freide war bekannt ginn, datt eng Mataarbechterin d’Organisatioun ëm ronn 60 Milliounen Euro soll beklaut hunn. D’Fra ass am Ausland. D’Caritas huet der Justiz de Fall gemellt an de Parquet huet doropshin eng Enquête opgemaach.