Vëlossport

Fränk Schleck: "Den Tour de France vun den Dammen ass méi spannend wéi bei den Hären"

De Fränk Schleck gëllt als ee vun de beschte Lëtzebuerger Vëlosfuerer. Mëttlerweil ass hien Teammanager vun der Dammenekipp vu Lidl-Trek, ass also domat hautno beim Tour de France dobäi. Am 100,7-Interview erzielt hien ënner anerem, wat den Ënnerscheed tëschent Männer- a Fraecyclissem fir hien ass.

auto_stories

3 min

headphones

15 min

De Fränk Schleck | © Lidl-Trek play_arrow
De Fränk Schleck (Foto: Lidl-Trek)

Als Teammanager vu Lidl-Trek sinn dem Fränk Schleck seng Aufgabe villfälteg. Et dierft een hien awer net mam Sportdirekter verwiesselen, dee stänneg am Auto hanner de Fuererinne fiert an Instruktioune gëtt.

Seng Aufgab betrëfft éischter dat ronderëm d’Etapp, wéi den Tour de France-Drëtte vun 2011 erkläert.

"Op den Arrivéeën an um Depart ass et da méi dem Manager seng Missioun och Konflikter ze léisen, mat Coureuren ze schwätzen, och fir déi nächste Joren an einfach kucken, datt wierklech d'Ekipp am Ganze leeft."

Déi Aufgab géif dem Fränk Schleck och vill Spaass maachen, an hie géif mengen, datt et och grad gutt leeft.

Et huet een éischter Etappevictoiren am Bléck

A propos gutt lafen: Den Ament beleet Lidl-Trek beim Tour de France Femmes déi siwent vun zéng Plazen am Ekippeklassement. Ausbaufäeg, mee dem Fränk Schleck no géif ee beim Tour dëst Joer och éischter op Etappevictoirë fuere wéi op d’Generalklassement.

"Mir hunn elo net onbedéngt e Meedchen, wat an d’Top 3 ka fueren. Dat heescht, wann een net Top 3 ass an op de Podium kann, dann huet ee besser et probéiert een eng Etapp ze gewannen."

Do wier ee besonnesch op der zweeter Etapp no dru gewiescht, a wier da 500 Meter virun der Arrivée nach agefaange ginn.

De Mont Ventoux ass fir de Fränk Schleck net déi schwéierst Etapp

Als besonnesch schwéier gëllt déi siwent Etapp e Freideg, déi op de Mont Ventoux geet. Datt dat elo awer déi schwieregst vum ganzen Tour wier, ënnerschreift de Fränk Schleck net.

"Ech gesinn dat net als déi schwéierst Etapp. Do fueren dann déi zéng Bescht, déi fuere schnell erop bis op d'Arrivée op de Ventoux, op de Sommet. An dann ass d'Course do virentscheet."

De Fränk Schleck gesäit d’Etapp vun haut an déi vu muer als méi schwiereg un.

"Se sinn immens technesch. Et ass riets, lénks, erop, erof. Den Auto kënnt net no vir. Esouwéi e Coureur et och ganz schwéier huet, fir duerch de Peloton ze kommen. Ech rechnen haut och mat där schrecklecher Hëtzt."

Déi géif d’Etapp dann nach méi ustrengend fir d’Fuererinne maachen, esou nach de Fränk Schleck.

Dammen- oder Härecyclissem?

Dem Fränk Schleck gefält de Vëlossport vun den Damme mëttlerweil och besser, wéi dee vun den Hären. Do wier alles scho bal ze kontrolléiert. Bei de Frae wier dat anescht.

"Ech fannen et besser, well et einfach d'Coureuse fuere méi aus dem Bauch hier, et si méi Emotiounen ëmmer dran. (...) Bei de Meedercher ass et awer vill méi spannend, wann een elo nëmme kuckt, wéi den Giro oder d'Vuelta verlaf sinn, wou et bis op den aller allerleschten Dag guer net sécher war, wie gewënnt."

Eng Lëtzebuerger Cyclistin bei Lidl-Trek?

A senger Roll als Teammanager huet de Fränk Schleck och d’Roll, d’Aen opzehalen, wéi eng Fuererin en interessante Rekrutement fir Lidl-Trek kéint sinn. Hie géif sech och eng Lëtzebuergerin bei der Ekipp wënschen, esou de Fränk Schleck.

An esou onrealistesch wierkt dat och net.

"Et lafe scho Gespréicher a Kontakter souwisou do. Elo lafe scho Kontakter, och mat aneren Athletinnen, déi mir och musse rekrutéieren. Ech wier natierlech frou, wann een eng Lëtzebuergerin an der Ekipp huet. Et ass natierlech awer och esou, datt ech als Teamdirekter menger Saach muss sécher sinn, wann ech e Meedche vu Lëtzebuerg huelen, da wëll ech sécher sinn, datt et wierklech den Talent huet."

Den Niveau wier immens héich, an dofir wier et och wichteg, keng Fuererin ze "verbrennen", esou nach de Fränk Schleck.

Lauschterenplay_arrow