Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  

play_arrow Live
opus

/ Handwierk: Schwieregt Joer 2024 wéinst Präisdeierecht an héijen Zënsen

Handwierkskammer

Handwierk: Schwieregt Joer 2024 wéinst Präisdeierecht an héijen Zënsen

2024 wier ee schwieregt Joer fir d‘Handwierk gewiescht. Dës Conclusioun huet d’Chambre des Métiers um Dënschdegmoie virun der Press gezunn an d’ Zuelen iwwert d’Handwierk vun zejoert zesumme mam Wirtschaftsminister Lex Delles presentéiert.

auto_stories

1 min

Symbolbild Handwierk | © Bigstock / BitsAndSplits
Symbolbild Handwierk (Foto: Bigstock / BitsAndSplits)

Präisdeierecht an héich Zënsen hätten zu engem Abroch vun der Produktioun gefouert, sot de President vun der Chambre des Métiers Tom Oberweis. D’Patronat géif awer signaléieren, datt d’Hürden, déi d’Covid Pandemie hannerlooss huet sou lues iwwerwonne wieren. D’Handwierk hätt positiv Perspektiven op d’Zukunft. Dat awer nëmme wann ee sech weider dorop konzentréiere géif, déi véier grouss Stäerkte vum Handwierk ze ënnerstëtzen, erkläert de Marc Gross vun der Chambre des Métiers.

Dozou gehéiert d‘Nohaltegkeet als een zentraalt Element vun der DNA vum Secteur. Awer och de Fait, datt d‘Handwierk regional verwuerzelt ass an datt et vill kleng Familljebetriber ginn. Déi souwuel „entrepreneurial“ wéi sozial Valeuren droen. De véierte Punkt wier fir de Marc Gross, d‘Formatioun. Et wier ee Kennzeeche vum Handwierk, datt den Know-how tëschent de Generatioune gedeelt a weidergereecht gëtt, esou nach de Marc Gross.