Radioen

opus100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  

play_arrow Live
opus

/ Hommage un de Vladimir Valek

tschechesch-slowakesche Programm

Hommage un de Vladimir Valek

Dëse Concert setzt sech zesummen aus verschiddenen Opnamen vum Prager Radio Symphonieorchester ënnert der Leedung vun sengem laangjährege Chefdirigent, dem Vladimir Valek.

auto_stories

1 min

headphones

121 min

Vladimir Valek | © Tomas Vodnansky - Prague Radio play_arrow
Vladimir Valek (Foto: Tomas Vodnansky - Prague Radio)

Dëse Concert ass en Hommage un den Dirigent Vladimir Valek, deen am Februar 2025 gestuerwen ass. Hie war de laangjärege Chefdirigent vum Prager Radio Symphonieorchester,  Hien dirigéiert en duerch an duerch tschechesch-slowakesche Programm mat Musek vu Leos Janáček, Vítězslav Novák a Josef Suk, Musek déi zum groussen Deel op der immens faarweger béimesch-mährescher Volleksmusek fousst.

Lauschterenplay_arrow

Programm:

Leoš Janáček (1854-1928): Lachesch Dänz, JW VI/17
Vítězslav Novák (1870-1949): Slowakesch Suite, op. 32
Josef Suk (1874-1935): Praga, op. 26
Leoš Janáček (1854-1928): Sinfonietta, op. 60

Interpreten:

Radio Symphonieorchester Prag

Vladimir Valek, Direktioun

live

Live