Radioen

On air

Notturno  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sonat fir Piano Nr.17 a Si bémol Majeur, K570, III. Allegretto - Jean Muller (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Och d'Oppositiounsparteie sollte Vertrauen an den Ombudsman hunn

Claudia Monti

Och d'Oppositiounsparteie sollte Vertrauen an den Ombudsman hunn

Wann de Message gewollt wier, datt e politesche Kandidat géif Ombudsman ginn, da géifen d’Regierungsparteie selwer e Kandidat proposéieren. Dat mengt d'Claudia Monti am 100,7-Interview. D’Ombudsman vu bis elo zitt no 8 Joer als Mediatrice de Bilan.

auto_stories

3 min

headphones

12 min

Claudia Monti | © Michelle Barthel play_arrow
Claudia Monti (Foto: Michelle Barthel)

Souwuel hir Virgänger, wéi d'Claudia Monti selwer an elo och hir Nofollgerin, d'Claudine Konsbrück mat enger CSV-Parteikaart, hunn eng Parteikaart vun enger vun de Regierungsparteien. Si géif awer net mengen datt, et ëm d'Proximitéit zu der Regierung géif goen, ënnersträicht d’Claudia Monti. 

Den Androck kéint awer duerchaus entstoen, mengt d'Claudia Monti. 

"Et muss ee sech och ukucken, wéi d'Leit gewielt gesinn. D'Claudine huet eng immens Majoritéit kritt. Wann dat nëmmen de Majoritéitskandidat wier, hätt et et ganz schwéier. Also do muss schonn eng gewësse Confiance sinn an déi Persoun, déi gewielt gëtt."

Och vun den Oppositiounsparteien, ënnersträicht d'Claudia Monti. Aus dem einfache Grond, datt an de Ministèren net nëmme Leit schaffen, déi eng Partei kennen, déi grad un der Majoritéit ass. Et wär schlecht, wann dat de Fall wär, sou nach d'Claudia Monti.

Eng Rei schwiereg Dossiere bleiwen ongeléist 

Eng Rei schwiereg Dossiere bleiwe fir si ongeléist. Ëmmer nees wier den Ombudsman beispillsweis mat Froen zur Wunnengsnout konfrontéiert ginn. Fir dee Problem géif et momentan nach keng Léisung ginn. Dat hätt si immens matgeholl, esou d'Claudia Monti. Allgemeng géifen et Situatioune ginn, déi ee mënschlech mathuele géifen. Als Beispill huet d'Ombudsman Parkplaze fir Mënsche mat enger Behënnerung genannt. 

"Do sinn d'Reegele ganz strikt, menger Meenung no ze strikt. Well et ginn einfach Situatiounen, déi net vir konnte gesi ginn. An Däitschland hunn si do bësse sou e Gummiparagraf, do kënne si sech adaptéieren, deen hu mir leider net zu Lëtzebuerg. Mir hunn d'Situatiounen, egal wat ee lo moralesch, eethesch oder wéi ëmmer dovunner hält, vun de Kanner déi iwwert GPA* op d'Welt komm sinn. Déi gëtt et, déi Kanner, déi hunn net gefrot fir op d’Welt ze kommen, do musse mir eppes mat deene maachen."

*Ënnert GPA ass de franséische Begrëff Gestation pour autrui gemengt, also Leihmutterschaft

Grad esou Sujete wiere schwiereg, well ee géif attackéiert gi vu verschiddene Leit, esou d'Claudia Monti. Et schwiereg bei esou Sujeten op e gemeinsamen Nenner ze kommen. Trotzdeem misst gekuckt ginn fir de Statut vun deene Kanner an hiren Elteren ze reegelen, mengt nach d'Ombudsman. 

Nach onkloer, wéi et berufflech fir si weider geet 

Et géif hir iwwerdeems leet doen, datt hiert Mandat vun 8 Joer schonn eriwwer ass. Wéi et lo berufflech fir si weidergeet, wier nach net entscheet, sou nach d'Claudia Monti. Si wéilt awer gär am Beräich vun de Mënscherechter schaffen.

D'Nach-Ombudsman ass iwweregens och Grënnungsmember vun HUT, der neier Associatioun déi déi national Aktivitéite vun der Caritas no der Geldklau vun 61 Milliounen Euro zejoert iwwerholl huet. Nom Enn vun hirem Mandat als Ombudsman am Abrëll wäert si do d'Présidence vum Verwaltungsrot iwwerhuelen.

Lauschterenplay_arrow