Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Joseph Haydn - Sinfonie Nr.11 a Mi bémol Majeur, Hob. I:11, III. Menuet - Heidelberger Sinfoniker, Johannes Klumpp (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Claude Christnach: Hoffen, datt d'Kris elo iwwerstanen ass

Mamer Lycée

Claude Christnach: Hoffen, datt d'Kris elo iwwerstanen ass

De Claude Christnach hofft, datt sech d‘Situatioun am Mamer Lycée elo berouegt. Den Nach-Direkter hätt d‘Decisioun, no 14 Joer als Direkter opzehalen a keen 3. Mandat unzestriewen och selwer geholl, sou de Claude Christnach am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

headphones

13 min

© Claude Christnach play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Lauschteren

Just e puer Leit hätte fir den Zodi am Mamer Lycée gesuergt a Stëmmung géint d’Direktioun gemaach. Et war jo Rieds gaange vun engem schlechtem Aarbechtsklima a Kommunikatiounsproblemer. De Claude Christnach huet confirméiert, datt d‘Stëmmung am Lycée schlecht gewiescht wier, mee huet och argumentéiert, datt vill Drock ënnert den Aarbechtskolleegen- a Kolleeginne gemaach gouf.

"Well am Juli hunn déi Leit mat hiren Aktioune jo fäerdeg bruecht, datt 1.300 Schüler an 200 Enseignanten sech d‘Fro gestallt hunn: wat ass da bei iech lass? Dat huet eis getraff, och mech perséinlech bis an d‘Privatsphär eran."

Zu enger Mediatioun ass et ni komm

Vu Säite vun der Direktioun wier awer och nach Sputt no uewe gewiescht, gëtt de Claude Christnach zou. Trotz alle Beméiunge, konnt d'Ambiance an der Schoul net verbessert ginn. Sou hat de Ministère eng Mediatioun proposéiert. Zu där ass et ni komm, well déi "vun där anerer Säit da rëm platze gelooss ginn ass."

Nodeems no der Rentrée dës Leit suguer probéiert hätten, fir Schüler mat an d’Diskussioun eran ze zéien, hätt hie fir sech selwer décidéiert, e Schlussstréch ënnert seng Karriär am Mamer Lycée ze zéihen, esou nach de Claude Christnach.

Aktualitéit
Educatioun
Politik a Gesellschaft
Interview