Radioen

On air

De barocke Moien  |  Franz Doppler - Mazurka de Salon, Op. 16 - Claudi Arimany (Flütt), Marta Gulyas (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Tom Haas: Erofsetze vum Leetzëns ee gutt an ee schlecht Zeechen

Statec

Tom Haas: Erofsetze vum Leetzëns ee gutt an ee schlecht Zeechen

D‘Decisioun vun der EZB fir de Leetzëns ëm 0,25 Prozent erofzesetze wier souwuel eng gutt an eng schlecht Noriicht. Dat ass dem neie Statec-Direkter Tom Haas seng Interpretatioun. 

auto_stories

2 min

headphones

13 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Lauschterenplay_arrow

Zuelen aus der Wirtschaft wieren iwwert de Summer net besser ginn. Dofir wier d‘Decisioun vun der EZB eng Iwwerraschung gewiescht. Konjunkturell hätt et souguer éischter eng Verschlechterung ginn.

"Dat heescht, an deem Sënn ass et ee schlecht Zeeche fir dëst Joer oder fir dëst Halleft Joer, wou warscheinlech dann d'Tendenz éischter méi schlecht war."

Op der anerer Säit wäert déi Baisse der Wirtschaft Loft no uewe ginn. Déi staark käschten an de leschten zwee Joer hätten d‘Wirtschaft gebremst, ënnersträicht den Tom Haas.

Approche fir de PIB ze rechnen hëlleft net fir Previsiounen

Mat der Approche wéi zu Lëtzebuerg de PIB gerechent gëtt kann een iwwerdeem net wierklech rausfannen, bei wiem de Plus u Wuelstand um Enn ukënnt. Dat war ee vun de Constate vum neien Direkter vum STATEC. Am Verglach zu anere Länner géifen zu Lëtzebuerg nämlech haaptsächlech Donnéeën iwwer d’Produktioun benotzt ginn, erkläert den Tom Haas. Déi Zuele wiere volatil, wat d‘Previsiounen an d‘Statistike produzéieren net méi einfach géife maachen. 

„An anere Länner ginn zwou, oder souguer dräi Approchë benotzt, déi all theoretesch zu deem nämmlechte Resultat féieren. Dat heescht wat een méi Donnéeën huet fir déi eenzel Approchen ze berechnen, wat dat d’Zuele méi zouverlässeg mécht.“

Zu Lëtzebuerg géife virop d‘Zuelen iwwer de Revenu feelen, erkläert den Tom Haas. Aktuell wiere Gespréicher um lafen, fir anonymiséiert Donnéeë vun der Steierverwaltung ze kréien, fir dann d’Berechnunge vum PIB nach verbesseren ze kënnen.

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft