Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Henryk Wieniawski - Scherzo-Tarantella, Op. 16 - Maxim Vengerov (Gei), PFB Symphony Orchestra, Ernst van Tiel (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Verlängerung vun der Liewensaarbechtszäit fir d'Chambre des métiers ee Léisungsusaz

Pensiounssystem ënner Drock

Verlängerung vun der Liewensaarbechtszäit fir d'Chambre des métiers ee Léisungsusaz

Méi laang schaffe goen an d’Pensiounen am Privat- an am ëffentleche Secteur ugläichen: Dat sinn zwou vun de Fuerderunge vun der Chambre des Métiers an hirem Avis zum Statsbudget, dee si um Mëttwochmoie presentéiert huet.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Eric Ewald

D’Handwierkerkammer wënscht sech donieft, datt et weider steierlech Ureizer fir kleng a mëttelgrouss Betriber gëtt an dass den Absenteismus op der Aarbechtsplaz erofgeet. Dës Mesuren dierfte bei de Gewerkschaften op wéineg Géigeléift stoussen, mee fir d’Chambre des Métiers sinn entspriechend Reformen noutwendeg.

Wéinst der demographescher Entwécklung wier en déifgräifend Iwwerschaffe vum System néideg. Wéi vill méi laang sollt geschafft ginn, gouf awer net konkret gesot.

De Staat muss optimiséiert ginn

Wat d’Nohaltegkeet vum Statsbudget ugeet, misste méi Reserven ugeluecht ginn. Zum Beispill an den intergenerationelle Fong, sot de Max Urbany, Chef vum Service affaires économiques vun der Chambre des Métiers.

Beim Staat dann, bei deem zënter 2022 all zweet nei Aarbechtsplaz geschafe gi wier, misst de Fonctionnement optimiséiert ginn. Stéchwuert Personalgestioun:

"Dat heescht zum Beispill net méi jiddereen, deen an d’Pensioun geet, eent zu eent remplacéieren, mee kucken, wou wierklech déi nei Kompetenze gebraucht ginn. A mir sinn och der Meenung, dass een effektiv d’Produktivitéit vun der Fonction publique mol kéint moossen an deementspriechend och kéint mat Programmer verschidde Reforme verbesseren.”

Absentéisme récurrent decouragéieren

Och fir de Marc Gross, Direkter vum Beräich Affaires publiques et analyses vun der Handwierkerkammer, si strukturell Reformen néideg, zum Beispill bei de Pensiounen am ëffentlechen Déngscht. Doriwwer eraus sollt et, wat d’Krankeversécherung ubelaangt, e Moratoire op neie Leeschtungen an Depensë ginn. A puncto Stäerke vun der Kompetitivitéit vun der Ekonomie wier, sou de Marc Gross, eng Aktioun géint Absenteismus noutwendeg.

"Wéi d’Jours de congé ausriichten op d’Jours de présence, dass deen Droit do an deem Sënn net erfält beim Congé de maladie. An déi aner Mesure wär eng Participation financière vum Salarié en cas de congé de maladie, fir den Absentéisme récurrent ze decouragéieren.”

Zu gudder Lescht sollten d’Betriber vu méi enger kompetitiver Besteierung profitéieren, méi Suen an de Logement gestach ginn, a d’Kris am Bausecteur misst weider bekämpft ginn.

Lauschterenplay_arrow