2025 war d'Stater Gemeng am Kader vum European Energy Award mat der Goldzertifikatioun fir hir Efforte beim Klimaschutz ausgezeechent ginn. Et wier ee bereet, nach weider ze goen a méi Leit mat op de Wee ze huelen, seet d'Buergermeeschesch Lydie Polfer.
Déi gréissten Defie gesäit d’Maud Lorang, Chargée de mission climat et environnement humain vun der Stad Lëtzebuerg, beim Transport an de Gebaier.
Verwaltung soll bis 2040 klimaneutral sinn
Mam Klimaplang géif ee sech elo d'Moyene fir e konkreten Aktiounsplang ginn, fir déi definéiert Ziler ze erreechen.
"Bis 2030 wëlle mer 55 Prozent CO2-Emissioune reduzéieren, d'Energieeffikassitéit ëm 44 Prozent steigeren an en Undeel vun erneierbar Energië vu 37 Prozent erreechen."
Dës Ziler géifen esouwuel fir de ganzen Territoire vun der Stater Gemeng gëlle wéi och fir d'Verwaltung.
"Zousätzlech dozou wëlle mer 2040 d'Klimaneutralitéit fir d'Verwaltung erreechen an 2050 um Territoire."
Et hätt een awer par rapport zum Referenzjoer 2014 scho vill Progrèse gemaach. Mëttlerweil wiere méi ewéi 80 Prozent vun de Stater Busser elektresch ënnerwee. Bis Enn 2027 wéilt een hei 100 Prozent erreechen, esou d’Maud Lorang. Wat e ganz wichteg Element wier, fir d’Ziler op Verwaltungsniveau op d’mannst emol fir 2030 ze erreechen.
Stättesch Gebaier ënner d'Lupp huelen
E wichtegt Element wier awer och de Chauffage urbain. Zënter 2017 géif d’Stad hei kontinuéierlech op erneierbar Energien ëmstellen, wat e relativ groussen Impakt op den C02-Bilan vun der Gemeng hätt.
D’Stad Lëtzebuerg huet zum Beispill och en Inventar vun deene stättesche Gebaier erstallt, déi e besonnesch schlechte Bilan opweisen an ass amgaange Projeten auszeschaffen, fir dës emzerüsten.
Als Beispiller hunn d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer an den Ëmweltschäffe Maurice Bauer d’Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg oder och nach d’Schwaarzt Haus um Cents genannt.
Mat de Proprietairen an den Dialog trieden
Wat fir d’stättesch Gebaier gëllt, sollt och fir all déi aner Gebaier um Territoire vun der Stad gëllen. Der Maud Lorang no wëllt een dowéinst elo un d’Proprietären eruntrieden.
"Fir den Echange, den Dialog ze sichen, mat Proprietaire vu Gebaier, datt mir kënnen e Mesurëplang en place setzen, deen och gräift, deen och ukënnt bei deene Proprietairen."
Wichteg wier et elo, mat de Proprietairë vun de Gebaier an den Dialog ze trieden an och d'Entreprisen an d'Bierger:innen an d’Boot ze huelen. Esou sollen d’Leit hir Iddie fir d'Ëmsetzung vun den Ziler an enger "Boite à idées" matdeele kënnen.