Südamerika

Kolumbien: Abelardo De la Espriella aus dem rietse Fligel gëtt neie President

A Kolumbien gouf den Abelardo De la Espriella als neien President vereedegt. Elo géif fir d‘Land eng Zäit ugoen, an där Uerdnung, Autoriteit an Freiheet domineieren, esou de rietsen Politiker an senger Ried. D'USA hunn annoncéiert den Trump-Sympathisant mat enger Milliard US-Dollar ze ënnerstëtzen.

auto_stories

1 min

Abelardo de la Espriella | ©  EPA/ERNESTO GUZMAN JR
Abelardo de la Espriella (Foto: EPA/ERNESTO GUZMAN JR)

Als neie President vu Kolumbie wéilt hie virun allem den Drogentrafic bekämpfen, esou de Politiker a Millionär. Hien gëtt de Nofollger vum Lenke Gustavo Petro, dee bei de Walen am Juni net méi untrieden dierft. 

Den neie kolumbianesche President huet de Support vum amerikanesche President Donald Trump. D‘USA hu Kolumbien eng Hëllef vun enger Milliard Dollar zougesot. Dat als Support fir d'Wirtschafts- a Sécherheetspolitik vu Kolumbien.