USA-Russland

Amerikanesche Senat: Majoritéit stëmmt fir nei Sanktioune géint Russland

No laangem Seelzéie gouf et am US-Senat elo eng Majoritéit fir e Gesetz, dat nei Sanktioune géint Russland virgesäit. Beim Vott waren 86 Senateuren dofir a just 11 dogéint. D'Gestzt muss nach duerch d‘Representantenhaus. Dat wäert awer wéinst der Vakanzenzäit net viru September geschéien.

auto_stories

1 min

© EPA/SERGEI ILNITSKY
(Foto: EPA/SERGEI ILNITSKY)

Am Gesetz sinn direkt Sanktioune géint russesch Politiker a Firme virgesinn, mee och Mesuren, déi den Ueleg a Gasexport méi staark andämme sollen. D‘Suen aus dem Export vu fossillen Energië sinn essentiel fir déi russesch Finanzéierung vum Krich an der Ukrain.

Hënt huet Russland erëm déi ukrainesch Haaptstad Kiew aus der Loft attackéiert. Dobäi sinn op d'mannst dräi Leit em d‘Liewe komm. Dat mellen déi ukrainesch Autoritéiten.