Déi amerikanesch Regierung huet 14 Deeg Zäit fir géint dës Decisioun fir ze goen, an de Fall virun dat iewescht Gericht ze bréngen. Den US-President géif dëse Schrëtt goen, heescht et vu Washington.
Op Truth Social huet den Donald Trump d'Geriichtsurteel als eng national Schan betitelt. D'Decisioun wier politesch motivéiert, esou säin Argument.
Festsall mat Gold a Marmer
D'Ëmbauaarbechten am wäissen Haus waren schonn am Hierscht zejoert ugaangen. Fir dem Donald Trump säin opulente Festsall, mat Marmer, Gold a Stuck, war den historeschen Ostfligel vum wäissen Haus ofgerappt ginn.
Schonn deemools gouf et Kritik um Trump sengem Prestige-Projet. De President residéiert wärend senger Amtszäit am Wäissen Haus, ass de facto awer net de Besëtzer.
Stol vun ArcelorMittal
Am Fréijoer gouf et d'Rumeur, datt de Lakshmi Mittal dem Donald Trump eng Stol-Spend an Héicht vu 37 Milliounen Dollar, fir säi Festsall, versprach huet. ArcelorMittal Lëtzebuerg wollt sech am Abrëll net weider heizou äusseren.