Sport

Lëtzebuerg ka sech Hoffnungen op Medaile bei der Liichtathletik-EM maachen

D’Presidentin vun der Liichtathleetiksfederatioun, d'Stéphanie Empain, schätzt d’Lëtzebuerger Medailechancë bei der Liichtathletik-EM zu Birmingham als héich an. Dat sot si de Moie bie eis op der Antenn. Et géif een deemnowéi esouguer op zwou Medailen hoffen.

auto_stories

2 min

© picture alliance / Chai von der Laage | Gladys Chai von der Laage
(Foto: picture alliance / Chai von der Laage | Gladys Chai von der Laage)

Esouwuel bei der Patrizia van der Weken op den 100 Meter, wéi beim Ruben Querinjean iwwer 3.000 Meter Steeple kéint een hoffen. Datt ee sech elo esou Hoffnunge ka maachen, hätt ee virun enger Zäit net geduecht, seet d'Stéphanie Empain.

"Virun e puer Joer hu mir eis wierklech Gedanke gemaach iwwer d'Relève vun eiser Elite. Mir haten eng Partie ganz gutt Athleeten, déi awer entretemps an déi sportlech Pensioun gaange sinn, mam Charles Greten, de Bob Bertemes."

Och aner Athleten hätten a leschter Zäit decidéiert, hir Karriär un den Nol ze hänken. 

"An elo awer trotzdeem nach mat dräi Athleeten op de Championnat present ze sinn ass eigentlech guer net schlecht."

Lescht Medail just knapp verpasst 

D’Patrizia van der Weken an de Ruben Querinjean hate sech direkt iwwer hir Zäite fir d’Europameeschterschaft qualifizéiert. Der Vera Bertemes-Hoffmann ass d’Qualifikatioun iwwer de Repêchage gelongen. 

Iwwer 100 Meter Sprint hat d’Patrizia van der Weken bei de leschten Europameeschterschaften 2024 zu Roum en neien nationale Rekord opgestallt an enger Zäit vu genee 11 Sekonnen an d’Medail an der Finall just knapp verpasst.

D’Sprinterin wäert op en Neits probéieren ëm d’Podiumsplazen ze kämpfen. D’Finall ass den Owend géint 22:00 Auer.

Bei der Hale-Weltmeeschterschaft am Fréijoer war d’Patrizia van der Weken hanner hiren eegenen Erwaardungen bliwwen. 

Ruben Querinjean seng Ausgangslag kéint méi schlecht sinn

Vun alles an allem 35 Athleten, déi an der Disziplin vum Ruben Querinjean un den Depart ginn, ass hien dës Saison déi siwent beschten Zäit gelaf. Déi läit awer nach ronn 5 Sekonnen hanner senger perséinlecher Beschtleeschtung vun 8 Minutten an 9 Sekonnen.

En Donneschdeg de Moie geet et beim Steeple mat de Serie lass. D’Vera Bertemes-Hoffmann wäert dann als eenzeg Lëtzebuerger Athletin an zwou Disziplinnen un den Depart goen. Muer de Moien trëtt si iwwer 5.000 Meter direkt an der Finall un, éier si e Samschden am éischten Tour iwwer 1.500 Meter leeft.

Et ass déi éischte Kéier iwwerhaapt, datt d’Europameeschterschaften an der Liichtathletik a Groussbritannie sinn. Iwwer 1.600 Athlete wäerte bis e Sonndeg den Owend am Asaz sinn.

Lauschtert hei dee ganzen Interview mat der Stéphanie Empain