D’Patrizia van der Weken an de Ruben Querinjean hate sech direkt iwwer hir Zäite fir d’Europameeschterschaft qualifizéiert. Der Vera Bertemes-Hoffmann ass d’Qualifikatioun iwwer de Repêchage gelongen.
Beim Patrizia van der Weken kéint eng Medail dra sinn
Iwwer 100 Meter Sprint hat d’Patrizia van der Weken bei de leschten Europameeschterschaften 2024 zu Roum en neien nationale Rekord opgestallt an enger Zäit vu genee 11 Sekonnen an d’Medail an der Finall just knapp verpasst.
D’Sprinterin wäert op en Neits probéieren ëm d’Podiumsplazen ze kämpfen. D’Finall ass den Owend géint 22:00 Auer.
Bei der Hale-Weltmeeschterschaft am Fréijoer war d’Patrizia van der Weken hanner hiren eegenen Erwaardungen zeréckbliwwen.
Ruben Querinjean seng Ausgangslag kéint méi schlecht sinn
De Ruben Querinjean wäert iwwer 3.000 Meter Steeple och hoffen eng Medail ze erlafen. Vun alles an allem 35 Athleten, déi a senger Disziplin un den Depart ginn, ass de Ruben Querinjean dës Saison déi siwent beschten Zäit gelaf. Déi läit awer nach ronn 5 Sekonnen hanner senger perséinlecher Beschtleeschtung vun 8 Minutten an 9 Sekonnen.
En Donneschdeg de Moie geet et beim Steeple mat de Serie lass.
D’Vera Bertemes-Hoffmann wäert dann als eenzeg Lëtzebuerger Athletin an zwou Disziplinnen un den Depart goen. Muer de Moien trëtt si iwwer 5000 Meter direkt an der Finall un, éier si e Samschden am éischten Tour iwwer 1.500 Meter leeft.
Et ass déi éischte Kéier iwwerhaapt, datt d’Europameeschterschaften an der Liichtathletik a Groussbritannie sinn. Iwwer 1.600 Athlete wäerte bis e Sonndeg den Owend am Asaz sinn.