Fussball

Match géint d'Jeunesse: Biissener Supporter goufen aggresséiert an e Fändel verbrannt

De Lëtzebuerger Fussball-Champion FC Atert Bissen huet an engem Communiqué matgedeelt, datt et bei hirem leschten Auswärtsmatch géint d'Escher Jeunesse zu Aggressioune vis à vis vun hire Supporter komm wier. De President vun der Jeunesse huet dës Virwërf zum Deel confirméiert.

auto_stories

3 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Leschten Update: 17:03

Ënner anerem op hirer Instagram-Säit schwätzen déi Responsabel vum Biissener Fussballclub dovun, datt hir Supporter affrontéiert a souguer blesséiert gi sinn. Och Fändele wiere geklaut ginn.

Wie genau d'Supporter attackéiert hunn - an ob et sech dobäi ëm Supporter vun der Escher Jeunesse gehandelt huet - gëtt net preziséiert.

Jeunesse-President confirméiert Virfäll

D’Tëschefäll wieren "total inakzeptabel", sot den Escher President Marc Theisen de Moien am 100,7-Interview. Hien huet d'Virfäll am spéide Moie confirméiert. 

Et wier wuel e Fändel geklaut a verbrannt ginn an e Supporter vu Bissen hätt "eng an d’Gesiicht kritt", wourops hin dësen an d’Spidol gaang wier.

D’Jeunesse Esch wier lo dobäi erauszefannen, wéi eng Supporter bedeelegt waren, esou den Escher President weider. Soubal dat geschitt wier, géif een iwwer méiglech Konsequenze schwätzen.

Am Raum steet en Entréesverbuet an de Stadion “Op der Grenz”.  

"Mir kënne jo och keng Selbstjustiz ausüben. Ech mengen dat geet jo net. Mee mir kënnen awer intern Moossnamen ergräife vis-à-vis vun engem Supporter, dee sech net behëlt, wéi dat, géing ech soen, am Kader vum Fairplay ze erwaarden ass. An da muss ee kucken, datt déi Persoun op d'mannst da vläicht eng Zäit eeben net dierf dann erëm op den Terrain kommen. Mir wäerte schonn do déi appropriéiert Moossname kënnen huelen, well all déi Faiten, déi muss ee vun der Wuerzel aus upaken. An do ass fir eis null Toleranz."

Reaktioun vum ganze Club

Kuerz no 13:00 Auer huet d'Jeunesse dann och per Communiqué matgedeelt, datt een all Form vu Gewalt géing condamnéieren. Et gëtt preziséiert, datt bis 23:00 Auer Responsabeler vum Club sur place gewiescht wieren, déi awer näischt vun engem Affrontement matkritt hätten. An där Zäit wier och keen Uruff bei der Police agaangen, weder vu Säite vun der Jeunesse, nach vu Biissen oder engem Drëtten, esou den Marc Theisen. 

"Fait ass, datt keng Police op d'Plaz komm ass, datt och kee vun deenen zwee Gruppe vu Supporteren dat bei Offizielle vun eis gemellt huet. Well déi Leit ware bis ronn 11:00 Auer um Terrain. (...) Wéi dat do passéiert war, soen ech op alle Fall, hätte sollen déi Biisser Supporter sech direkt bei de Comitésleit bei eis mellen, well ech mengen, mir kënnen dat op kee Fall toleréieren."

Iwwerdeems regrettéiert den Escher Club, datt Biissen net direkt de Kontakt mat hinne gesicht hätt. D'Kommunikatioun iwwer déi Sozial Reseaue vu Säite vun de Biissener gëtt deemno net appreciéiert.

Biissen huet de Match op der Escher Grenz mat 2:0 gewonn.