Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sinfonie Nr.29 a La Majeur, KV 201, III. Menuetto: Allegretto - Trio - Elblag Chamber Orchestra, Marek Mos (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Méi wéi 12 Ziviliste komme bei russeschen Attacken ëm d'Liewen

Krich an der Ukrain

Méi wéi 12 Ziviliste komme bei russeschen Attacken ëm d'Liewen

Am Krich géint d’Ukrain sinn zënter gëschter Samschdeg iwwer eng Dosen Ziviliste gestuerwen. De Bilan vun den Doudesaffer no enger russescher Attack op en Appartementshaus zu Poltawa ass op op d’mannst 11 geklommen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Photoshot | -
Symbolfoto

Zu Sudscha an der russescher Grenzregioun Kursk wieren iwwerdeems op d’mannst 4 Persounen ëmkomm, wéi eng Bomm an engem Internat ageschloen hätt, an deem russesch Zivilisten ënner Daach komm wieren.

Fir de russesche Verdeedegungsministère hätt d’Ukrain vun der Stad Sumy aus geziilt op Sudscha geschoss.