Déi spuenesch Regierung huet d'Grenzkontrolle mat Italie per Dekreet agefuerdert. Als Justifikatioun gëtt de "permanenten Drock vun illegaler Migratioun" genannt.
Kontrollen um Waasser- a Loftwee
Bei de Kontrolle soll ënnert anerem d'Identitéit an d'Nationalitéit vun de Passagéier, déi iwwert de Waasser- a Loftwee, aus Italien a Spuenien areese, gepréift ginn. Bei Net-EU-Bierger soll och de Visa gekuckt ginn.
De Schengenaccord dierf just am Fall vun enger reeller Bedrohung, fir déi national Sécherheet, temporär ausgesat ginn.
Ceuta ass net am Schengenraum
Déi rietspopulistesch Premierministesch Giorgia Meloni hat, nom Virfall op der spuenesch Exklav Ceuta, annoncéiert datt Italien de Schengenaccord aussetzt.
D’lescht Woch ware jo ëm déi 72.000 Mënsche vu Marokko aus iwwer de Miereswee op déi spuenesch Exklav geschwommen. Ceuta leit um Nordafrikanesche Kontinent an ass net Deel vum Schengenraum.