Schweden

Parlamentswalen a Schweden: Sozialdemokrate wuel stäerkste Kraaft

D'Sozialdemokraten ënner der Ex-Regierungscheffin Magdalena Andersson kéime schweedesche Medien no op 28,4 Prozent vun de Stëmmen. Et ass awer nach onkloer, ob dat duer geet fir ze regéieren. Déi konservativ Partei vum aktuelle Regierungschef Ulf Kristersson kéim op 18,1 Prozent.

auto_stories

1 min

D'Sozialdemokratin Magdalena Andersson | © EPA/JONAS EKSTROMER SWEDEN OUT
D'Sozialdemokratin Magdalena Andersson (Foto: EPA/JONAS EKSTROMER SWEDEN OUT)

De Prognosen aus Schweden no dierft d'Oppositioun ëm d'Sozialdemokraten déi beschte Chancen hu fir sech d'Majoritéit vun den 349 Sëtz am schweedesche Parlament ze sécheren.

D'Magdalena Andersson gëtt nieft de Sozialdemokraten och vun de Lénken, de Gréngen an der liberaler Zentrumspartei ënnerstëtzt.

Komplizéiert Sondéierungsgespréicher an Aussiicht

Den Estimatiounen no géifen déi véier Parteien zesummen op 51,3 Prozent vun de Stëmme kommen. Schweedesch Medien annoncéieren allerdéngs komplizéiert Sondéierungsgespréicher tëschent de Parteien. Virun allem déi lénk Partei an d'Zentrumspartei géifen inhaltlech wäit ausernee leien. 

D'Koalitioun vu bis elo aus dräi Parteie kéim zesumme mat de Rietspopuliste just op 46,8 Prozent vun de Wielerstëmmen. 

Migratioun a Bandekriminalitéit dominéieren de Walkampf

Virun de Walen hat sech d'Fro gestallt ob d'Rietspopulisten eng éischte Kéier a Schweden Deel vun enger Regierung kéinte ginn.

D'Haaptsujeten am Walkampf waren de Parteien hir Approche zu de Sujeten Migratioun a Bandekriminalitéit. Och eng Verschäerfung vum schweedesche Strofrecht gouf vill diskutéiert. Elo schéngt et wéi wann d'Sozialdemokraten déi 8 Millioune Wieler:inne mat hirer Approche am meeschten iwwerzeegt hätten.