Déi véier Lénks-Parteien hunn eng knapp Majoritéit am Parlament zu Stockholm kritt.Déi konservativ Regierung vu bis elo, déi eng Koalitioun mat de rietspopulistesche Schwedendemokraten forméiert huet, huet keng Majoritéit méi kritt.
Awer och fir d‘Sozialdemokratin Andersson zeechnen sech schwéier Koalitiounsverhandlungen un. Si ass op déi Lénk, déi Gréng an déi liberal Zentrumspartei ugewisen.